Kappkino@vinylharvest. // Esch-Alzette

Kappkino@vinylharvest. // Esch-Alzette

Setzt dech an den Transat a Lauschter gutt no.
————-
180gr Vinyl
2 Plakken
1 fantastesch Geschicht
75 Minuten Kappkino
an beschter Soundqualiteit am vinyl harvest. (click)
————–
fir Nolauschterer ab 13 Joer

 

„Ech gesi wéi meng Mamm d’viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet. Si geet fir d’éischt eraus an da kënnt mäi Papp hir no, éier si d’Dier hannert sech zouzéien. An dann – dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt – héieren ech wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréint.“

An dësem Lauschterstéck huele mer iech mat duerch déi eng Nuecht wou d‘Elteren fort ginn. Kommt mat op eng skurril fantastesch Rees duerch e gelunge kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn.

Wou ginn Elteren nuets hin
Text: Claudine Muno
Erzielung: Betsy Dentzer
Musek & Kompositiounen: Nataša Grujovic (Akkordeon), Michel Feinen (Perkussioun)
Regie: Daniel Tanson
Produktioun, Graphik & Illustratioun: Tanja Frank
Toun: Philippe Mergen
Photo: Emile Hengen
Opgeholl am Auditoire vum CCRD opderschmelz
Gepresst vun r.a.n.d. muzik Leipzig


vinylharvest.

34, rue Victor Hugo
4140 Esch an der Alzette

No Comments

Sorry, the comment form is closed at this time.